NKR - NEUER KUNSTRAUM

De Neie Konschtraum Düsseldorf (NKR) as en Ausstellungsraum deen vun Artiste geréiert get. Vun 2019 bis 2023 get de Programm ofwiesselnd vun den Konschtduo’en Katharina Maderthaner/ Christian Schreckenberger an Detlef Klepsch/ Anne Schülke organiséiert. Et sin 6 Ausstellungen mat begleedenden Evenementer am Joer geplangt. D’Gestioun get viraussiichtlech no 2023 un aner Kënschtler ofgin. 

Den NKR (Neue Kunstraum) get vun der Landeshaaptstad Düsseldorf finanzéiert. Den organisatoresche Kader vum NKR as eng Aarbechtskommissioun déi 2018 aus dem Veräin  fir Veranstaltungen vu Konschtausstellungen gegrënd gouf (VzVvK.e.V.) . D’Memberen vun der Aarbechtskommissioun leeden den Neien Konschtraum vun 2019 un, wéi uewen beschriwwen.

Den NKR féiert d’Aarbecht vum Kunstraum Düsseldorf weider. De Konschtraum as 1994 vum Hilmar Boehle (Kënschtler), Till Hausmann (Kënschtler), Johannes auf der Lake (Konschthistoriker), Silke Leverkühne (Kënschtler), Ulla Lux (Gérante), Ute Reeh (Kënschtler), Raimund Stecker (Konschtveräin Düsseldorf), Marie Luise Syring (Konschthal Düsseldorf), Sylvia Wieczorek (Kënschtler), Stephan von Wiese (Konschtmusée Düsseldorf) gegrënd a gefouert gin. D’Ulla Lux (Konschthistorikerin an Mataarbechterin vum Kulturzentrum Düsseldorf) huet den Konschtraum vun 2008 bis 2018 gefouert.